Ce site utilise des cookies pour simplifier et améliorer votre utilisation et expérience de ce site Web. Les cookies sont des petits fichiers texte enregistrés sur l'appareil que vous utilisez pour accéder à ce site Web. Si vous ignorez ou fermez ce message et continuez de naviguer sans désactiver les cookies dans les paramètres de votre navigateur, nous assumons que vous consentez à notre utilisation des cookies sur ce site Web. Pour plus d'informations sur notre utilisation des cookies, veuillez consultez nos conseils d'utilisations et notre déclaration de confidentialité.

Soirée du Sport Automobile 2015 vum 23. Januar 2016

Publié le 26/01/2016

Soirée du Sport Automobile 2015 vum 23. Januar 2016
Automobile
Den 23. Januar 2016 gouf zu Munneref am Casino 2000 traditionell den ACL Gala fir d'Automobilsportler organiséiert.

Nieft de Laureaten, hate sech och vill aner Frënn vum Motorsport hei versammelt, fir op Invitatioun vun der Commission Sportive vum ACL e flotten Owend zesummen ze verbréngen.  

Duerch den Owend gefouert huet de Paul Christ. Nodeems de President vun der Commission Sportive, de Lucien Franck, d'Lauréaten an d'Gäscht wëllkomm geheescht huet, goufen dann als éischt d'Karting-Pilote geéiert. De Kartsport ass dacks den éischte Kontakt mam Automobilsport fir zukünfteg Piloten aus dem Bierg-, Circuit- oder Rallyesport. Dofir wäert de Karting och weiderhin eng wichteg Roll an de Pläng vun der Commission Sportive spillen. 

Lëscht vun de Laureaten 

Am Laf vum Owend, goufen no klengere Pausen, wou ee sech de kulinaresche Rafinesse konnt widmen, no an no d'Gewënner vun den diverse Championnater am Slalom, Biergcourse, Circuit a Rallye fir hir gutt Leeschtungen ausgezeechent.  

Net vergiess goufen natierlech och d'Ecurien, déi d'Coursen hei am Land organiséieren. Et ginn der leider ëmmer manner, dofir ass et der Commission Sportive ëmsou méi wichteg, hinne fir hir Aarbecht merci ze soen. 

Nieft de verschiddene Mérite sportif, gouf dunn nach e Mérite Media ACL verdeelt, an dee goung dëst Joer un RTL.  

Um Enn vum Owend gouf et dunn nachemol richteg spannend. Et goung nach drëm den "Automobilsportler vum Joer 2015" bekannt ze ginn. Et gouf en Online-Voting opwww.aclsport.lu, wou jidderee sengem Favorit seng Stëmm konnt ginn. Bei déi Stëmme, koumen dunn nach déi vun de Vertrieder vun der Commission Sportive, an déi vun de Membere vun der Journalistevereenegung LMWA (Luxembourg Motorsport Writers Association) derbäi. 

Déi 3 Lizenzéiert mat de meeschte Stëmmen goufen dunn op d'Bühn geruff.  

Déi 3. Plaz goung un d'Rallye Copilotin Jennifer Thielen. Nieft der Nominatioun an de COSL-Elitekader, konnt et nach d'Victoire am däitschen ADAC Opel Rallye Cup feieren, woumat fir 2016 e Wierkskontrakt bei Opel Motorsport geséchert ass. 

Plaz 2 war fir den David Hauser, deen déi lescht Saison an der Biergcourse-EM mat sëlleche Podiumsplazen op sech opmierksam gemaach huet. Fir 2016 ass och den David Hauser vum COSL an den Elite-Kader opgeholl ginn. 

Grousse Gewënner vum Owend war awer de Christian Franck, dee fir d'zweete Kéier hannerteneen dé däitsch Spezial Tourenwagen Trophy STT op sengem Porsche GT3 fir sech entscheede konnt. Déi Resultater hunn him den Titel an der Lëtzebuerger Circuit-Meeschterschaft geséchert. Do dernieft huet hien och nach d'Lëtzebuerger Slalom-Championnat gewonnen. Leider konnt de Christian op der ACL Gala net perséinlech präsent sinn, well hie berufflech am Ausland war. Hien huet sech awer via Video-Konferenz an d'Präisverleihung era gemellt, a war iwwerglécklech iwwert déi Auszeechnung.  

No dem offiziellen Deel gouf dunn an engem gemittleche Kader nach vill iwwert den Automobilsport diskutéiert a philosophéiert, an den Owend gouf an enger gutt gelaunter Ambiance ausklénge gelooss. 

Kuckt hei d'Photoen vun deem flotten Owend:



Vers le haut